Feierlechkeeten 04.11.17
Revue Aktivitéiten

Usprooch zu den Feierlechkeeten
* Dir Hären
Buergemeeschter,
* Dir Damen an Dir
Hären vun den Gemengeréit
* Léiwen
Commissaire general an Commissaire general adjoint,
* Léif Vertrieder vun
den befrënnten Scoutsgruppen,
* Léif Vertrieder
vun den Veräiner an
* Léiwen Member
vun der Amicale vun den Groussbuser Scouten an léif Elteren,
* Léiwen Valy an
léiwen Fernand,
* An – last
but not least - déi Wichtegst hei (well ouni si géif et eis net
ginn):
Léiwen:
* Wëllefchen an
* AvEx
* Léiwen CaraPio
an RaRo,
* Léif Cheftainen
an Chef,
Fir d’ Éischt
emol Merci – Merci un den Agility Club, dass si eis haut hei ënnerstëtzen. Dann
awer och een ganz groussen Merci gesot un d’ Gemeng, dass mir hei kënnen dësen
Sall benotzen, d’ Infrastruktur kënnen benotzen an Merci och fir den Patt, deen
si eis hei offréiert. Et gëtt leider oft gemengt, dass esou Saachen
selbstverständlech sinn – neen – sinn se net. An ech denken – Merci soen kann
een ëmmer an ass dann och dat Mannsten, wat een maachen kann.
Ech muss hei elo
awer ganz éierlech zouginn, dass ech iwwerwältegt
sinn – iwwerwältegt, dass esou vill Leit eisem Ruff nokomm sinn. Esou vill Leit
dem Valy an dem Fernand wëllen zesummen mat eis Äddi soen – awer och, hinnen
Merci ze soen fir den Engagement. Esouvill Leit awer dann och, fir mat eis 30
Joer Scoutissem an eisen 6 Gemengen ze feieren.
Léiwen Valy,
léiwen Fernand. 30 Joer Scout sinn... 30 Joer laang d’ Finanzen vun engem Grupp
féieren an/oder 30 Joer laang d’ Geschécker vun engem Grupp ze leeden – dat ass
och schonn eng Leeschtung – an vun dohier, an och wann dëst, wat mir haut den
Owend hei maachen bei Scouten net onbedéngt Usus ass – alleng vun dohier ass et
nëmmen richteg, dass mir dat haut den Owend esou hei wierdegen, deen Engagement
wierdegen. Ech soll jo d’ Geschécker vun den Scouten hei zu Groussbus
iwwerhuelen – op déi 30 Joer Déngscht zu Groussbus wäert ech wuel definitiv
dann net kommen... alleng schonn altersbedéngt. Ech sinn zwar och schonn zënter
dem zaarten Alter vun 8 Joer (deemools den Alter, deen een huet mussen hunn)
Scout – meng Carrière awer huet mech iwwert verschidden Statiounen gefouert –
bis ech dann elo virun en puer Joer hei zu Groussbus gelant sinn. Ech wäert déi
30 Joer Déngscht hei dann net däerfen feieren 😊. Mee dorëm geet et och
net. Et geet bei den Scouten net dorëm, op een 30 Joer fir se geschafft huet.
Et geet en Fait net dorëm, een ze wierdegen an engem speziellen Kader. Dat ass
zwar eng flott an eent schéint Bäi-Wierk – awer et geet net ëm den Chef oder
hei dann zum besseren Verständnes -> den Erwuessenen. Neen – et geet ëm eis
Memberen – si sinn den Mëttelpunkt, si sinn déi, ëm déi et geet. Ouni si ginn
et keng Scouten am Duerf, ouni si gëtt et keen Grupp.
An och bei esou
Geleeënheeten ewéi haut sinn an sollten si den Mëttelpunkt sinn. An dofir, dir
léif Wëllefcher an AvEx, léif CaraPio an RaRo, léiwen Chef an Member vun der
Amicale, freeën ech perséinlech mech ganz besonnesch, dass dir all haut,
zesummen mat ären Elteren hei sidd an mat eis feiert.
Woubäi ech elo
dann méi an den Thema vun haut well agoen. Virun 30 Joer hunn sech déi
verschiddenst Leit zesummen gesat (Verantwortlecher vun den Gemengen an
Ministèren, privat engagéiert Leit...) an hunn den Wëllen gehat, fir an der
Géigend hei Scouten ze grënnen.
Schéin an gutt –
awer Scouten – an grad Scouten – grënnen ech net einfach esou. Wann ech Scouten
grënnen wëll, dann hunn ech den Wëllen an mer Gedanken gemaacht, dass ech een
gewëssen But, Zweck domat verfollegen. Ech grënnen net iergendeen Veräin fir ze
‘chillen’ – dem Scoutissem läit eng Ideologie ënner, den Scoutissem verfollegt
eng Pädagogik. Wäerter vermëttelen – dëst an engem Ëmfeld vun Spaass an
Abenteuer. Natur erliewen an Natur respektéieren, eisen Memberen Nohaltegkeet
an Respekt virun dem Matmënsch mat op den Wee ginn, sozialen Engagement liewen.
Dëst sinn d’
Wäerter, déi all Chef als Scout während senger Carrière selwer erlieft an
lieft, et sinn dëst d’ Wäerter, déi eis Chef an hiren Formatiounen nieft Anerem
no geluecht kréien, fir dass si se kënnen weiderginn an hiren Branchen, an
hirem Grupp – dëst an dem Kader vun enger moderner, ugepasster Pädagogik, déi
sech ëmmer nees aktualiséiert, un d’ Gesellschaft an hir Ufuerderungen ugepasst
gëtt.
Woubäi
selbstverständlech den Grondgedanken vum Scoutissem, déi Wäerter, déi eisen
Grënner, den B.P., eis mat op den Wee ginn huet, net däerfen vergiess ginn. Een
ganzt einfacht Beispill hei: eis Uniform. Firwat hunn Scouten eng Uniform?
Neen... mir wëllen net Zaldot spillen, sous Garantie net. Och wann dëst vun
verschidden Leit ëmmer mol nees an den sozialen Medien an/oder souguer an eng
gewëssener Zort vun der geschriwwener Press esou ugefouert gëtt. Scouten hunn
aus engem ganz einfachen Gronn zanter der Zäit vum B.P. eng Uniform, deen een
sozialen Gedanken huet. Et soll – wann Scouten ënnerwee sinn – duerch d’
Uniform keen erkennen, op een Kand aus enger räicher oder enger méi aarmer
Familljen kennt – d’ Kanner sollen ganz einfach alleguerten gläich sinn, gläich
behandelt ginn an alleguer zesummen deen selwechten Spaass kennen erliewen. UNIFORM
ALS SOZIALEN ASPEKT. An erlaabt mer hei elo deen klengen Säiten-Coup – hätten
elo verschidden Leit sech d’ Aarbecht gemaacht, fir Informatiounen aus dem Netz
ze kréien – dann géifen esou Gespréicher guer net opkommen – déi Infoen sinn
fräi z.B. bei Wikipedia of ze ruffen an ech brauch emol ni Scout gewiescht ze
sinn, fir dëst eraus ze fannen.
Dir gesitt, léif
Gäscht, esou einfach mat engem Klacks ass et net gedoen – vill gëtt et ze
respektéieren, wëll ech d’ Pädagogik bei den Scouten richteg uwennen, den
Spagat tëschent eisem geschichtlechen Hannergronn an der Modern. Elo mol guer
net ze schwätzen vun den sozio-politeschen Aspekter, den Kontakter mat den
ëffentlechen Instanzen, an, an, an... Dat Ganzt heescht definitiv Aarbecht –
Virbereedungen fir d’ Versammlungen, déi adaptéiert sinn un den Scoutissem an
natierlech seng Pädagogik. Virbereedungen fir W-E’er, Camp an all méiglech aner
Aktivitéiten. Kontakt mat dem Verband. Formatiounen. Kontakter mat den Verantwortlechen
vun den aneren Veräiner an mat den ëffentlechen Instanzen. Sozial Engagementer
am Ausland am Kader vun Odysseeën bei den RaRo.
Jo, léiwen
Gaascht – et heescht Aarbecht, dat Ganzt. Awer een Scout mécht dat Ganzt
gären... Mir maachen et wierklech gären...
Ø Mir erliewen déi verschidden Aspekter an Aktivitéiten zesummen
Ø Mir erliewen Abenteuer, vun deenen een an aneren Veräiner nëmmen dreemen
kann – se ginn do guer net ugebueden
Ø Mir erliewen Frëndschaften, déi een ganzt Liewen laang unhalen
Ø Mir erliewen zesummen een staarken sozialen Engagement an gesinn herno
den Resultat
30 Joer laang
ass den Grupp gutt gefouert ginn. Een Scout s-Grupp mat der ganzer Aarbecht,
déi dozou gehéiert. Mat deem, wat ech Iech elo alles opgezielt hunn kënnt Dir
Iech virstellen, dass ech een relativen Respekt hunn virun der Aufgab, déi mech
erwaart...
Als faisant
fonction maachen ech dat Ganzt jo schonn zanter enger Rei Wochen, Méint... an
ech hunn dierfen erliewen, wat dat heescht – ganz besonnesch, wann een verschidden
Funktiounen erfëllt. Ech hoffen just, dass ech dat Ganzt vernünfteg gemaacht
kréien, dass ech weiderhin, esou wéi bis elo och, een gudden Kontakt mat mengen
Memberen an den Elteren wäert hunn (dat ass fir mech wierklech een vun den
wichtegsten Aspekter iwwerhaapt), dass ech weiderhin och fir d’ Zukunft esou
engagéiert Chef hunn wéi den Moment (an deenen ech hei op der Platz een
groussen Merci well soen – well deen huet bei den LGS all eenzelnen Chef méi
ewéi verdéngt). Ech hoffen weiderhin dann nach, dass eis Amicale sech gutt
entwéckelt an vill nei Memberen kritt. Well och hei hunn ech meng Erfahrungen
aus engem aneren Grupp, an deem ech fréier war an weess vun dohier, ewéi
wichteg eng Amicale, déi funktionéiert, fir een Grupp kann sinn. Déi Aarbecht,
déi si leeschten ass einfach nëmmen wäertvoll – an et ass Zäit, déi eis Chef
méi hunn, fir fir hier eigentlech Aufgab do ze sinn – fir d’ Kanner do ze sinn.
Et bleift mir
elo dann just nach nëmmen Merci ze soen...
-
Valy – 30 Joer bal hues Du deen Grupp hei gefouert –
duerch Héichten an duerch Déiften. 30 Joer laang hues Du mat den
Verantwortlechen vun Verband esou ewéi vun den Gemengen gehandelt an
verhandelt, hues den Grupp verdeedegt, hien als Éischt an Wichtegst ugesinn. An
grad an den leschten Joeren ass et ëmmer méi schwiereg ginn, fir Kanner an
Jugendlech – jo souguer fir Elteren fir een Veräin ze begeeschteren – dëst
obwuel et an der leschter Zäit, an grad an der leschter Zäit eigentlech méi
ewéi batter noutwenneg ass, dass Kanner an Jugendlech och nieft dem Elterenhaus
een pädagogeschen Anker hunn, deen hinnen zur Säit steet, souguer och bei
Problemer einfach fir si do ass. Dir awer Valy, einfach nëmmen Merci gesot fir
déi ganz Aarbecht, déi s Du geleescht hues, net nëmmen als Gruppechef, mee zousätzlech
och als Assistent Akela, eng Zäitlaang och an dem Verbandsrot vum Verband.
-
Fernand – Du hues den Grupp mat gegrënnt, waars also
vun dem alleréischten Dag un mat dobäi. Obwuel, dass Du weider ni eng – ech
nennen et elo mol esou – pädagogesch aktiv Roll an dem Grupp has, war Deng
Aarbecht méi ewéi wichteg an – ganz éierlech gesot – wier den Fernand an säin
Gilberte net gewiescht – ech weess et net, op den Grupp haut esou do géif
stoen. An obwuel, dass Du ni eng direkt Roll mat den Kanner haass, bass Du méi
ewéi eng Kéier mat an dem Zentrum vun dem Geschéien gewiescht, dëst z.B. op
engem Camp. Ze verdanken ass dëst wahrscheinlech alt nees mat Dengem Gilberte
och, dat jo och an der Kachequipe war. An esou huet och den Fernand vill méi
bei den Scouten erlieft ewéi nëmmen dréchen Zuelen – hien war, mat dem Gilberte
an sengen Kanner laang Zäiten matzen dobäi, huet einfach, denken ech mol, och
eng flott Zäit bei den Scouten gehat.
Léif alleguerten
– fir den Valy, fir den Fernand – dann awer natierlech fir den ganzen Grupp
freeën ech mech wierklech – an soen Iech nach eng Kéier alleguerten een
groussen Merci, dass Dir bei eis sidd, mat eis feiert. An géif Iech all dann
nach een ganz schéinen Owend an eiser Mëtt wënschen.


