Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Biber
6-8 Joer
Wëllefcher
8-11 Joer
AvEx
11-14 Joer
CaraPio
14-17 Joer
RaRo
17-23 Joer
Albatrossen
23 + Joer

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass déi gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. D‘Missioun ass et déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen.
An deem Sënn bidden mir de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann en flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen,sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen.
Sou léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv fir aneren anzesetzen.

Zesummen goen

Komm mat! – Mot d’ordre vun der LGS

Komm mat Logo

E Mot d’ordre leeft iwwer 3 Joer an ass eng Opfuederung fir jiddereen, souwuel Membere wei aner Interesséierter, aktiv bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten matzemaachen. All Joer soll ee vun de wichtegen Themen vum Guidissem a Scoutissem méi an de Fokus geréckelt ginn an et sou de Guiden a Scouten erméiglechen iwwert déi ganz Zait un hirem perséinleche Fortschrëtt ze schaffen.

Komm mat