Press / Ëffentlechkeetsaarbecht - LGS Groussbus

Direkt zum Seiteninhalt

Press / Ëffentlechkeetsaarbecht



2017 - 2018


Ouschteren 2018



De Haan 2018


Montée 2018-2019
Artikel MyWort




2019 - 2020
Corona 2020







D'Scouten zu Ouschteren 2020 am Altersheem zu Réiden
Informatiounen an Remerciement Donen am Kader vun eiser BA_Covit19

Léif alleguerten,
 
Mat dësem Schreiwen wëllen mir eis un Iech wennen, fir Iech Merci ze soen. Merci fir Äert Vertrauen an eis an enger Zäit, wou et méi ewéi wichteg ass fir zesummen ze halen.
Mir wäerten och weiderhin fir Iech do sinn – dëst esou laang, wéi mir gebraucht ginn, dëst esou laang, wéi dës Situatioun unhält.
 
Een Scout ass ëmmer bereet. Am Geescht vun dem Scoutissem dann och ass eis Hëllef fir Iech – eisen Bénévolat un Iech. Mir wëllen, froen näischt dofir – an dat bleift och esou! Well mir Scouten sinn. An awer ass deen een oder aneren vun Iech, deen den Grupp ënnerstëtzen wëll. Och heifir soen ech Iech vun ganzem Häerzen Merci – an et ass mir wichteg, dass Dir Bescheed wësst, wat mat Ären Suen geschitt. No Récksprooch mat dem Grupperot kann ech Iech dann heimat matdeelen, dass Är Gelder integral un den ONGD vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten wäerten iwwerwisen ginn.
 
Et ass dëst eng wichteg Aarbecht, déi hei geleescht gëtt an den Grupp ass eestëmmeg der Iwwerzeegung, dass et keen besseren Wee gëtt, fir engem gudden Zweck no ze kommen. Wëllt Dir weider Informatiounen zu der ONG fannt Dir se ënnert:
   
Zum Schluss erlaben ech mir dann nach eng Kéier, Iech eis Kontaktdaten zoukommen ze loossen, falls gebraucht:
 
Lëtzebuerger Guiden a Scouten Groussbus
Tel.: 691 20 99 62
 
Am Numm vun all den Chef wënschen ech Iech weiderhin alleguerten eng gutt Gesondheet an freeën mech dorop, Iech och an den kommenden Wochen kënnen eis Hëllef un ze bidden,
 
Jean-Claude Schmit
Gruppechef

Lëtzebuerger Guiden a Scouten
St. Maximilien Kolbe
Groussbus

Info et remerciement Dons dans le cadre BA_Covit19


Chers tous,

Par cet écrit, nous voudrions vous contacter pour vous remercier. Merci pour votre confiance en nous par ces temps, où il est plus que important de se soutenir l’un l’autre.
 
Il va de soi que – aussi dans les temps à venir, nous serons là pour vous. Ceci aussi longtemps que nos aides seront nécessitées, aussi longtemps que la situation le demandera.
Un Scout est toujours prêt. Dans cet esprit de Scout se situe aussi notre aide que nous vous offrons, notre bénévolat envers vous tous. Nous ne voulons rien pour ceci – et cela va rester de la sorte. Parce-que nous sommes Scouts. Et quand-même, l’un ou l’autre d’entre vous souhaite soutenir le groupe. Aussi à ce niveau, je voudrais vous remercier de plein cœur. Et il m’est important de vous faire savoir ce que nous ferons avec vos dons. Après consultation avec notre conseil de groupe, je peux donc vous communiquer que les fonds seront intégralement remis à la ONG des Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
 
Il s’agit ici d’un travail important sur place. Et le groupe est à l’unanimité sur qu’il n’y a pas meilleur moyen pour aider effectivement et avec un but humanitaire. Si vous souhaitez avoir des renseignements plus profonds sut l’ONG, vous trouverez des détails sous :
   
Finalement, permettez-moi de vous faire un petit rappel de nos contacts, si vous en aurez besoin :
 
Lëtzebuerger Guiden a Scouten Groussbus
Tél. : 691 20 99 62
 
Au nom de toute l’équipe des chefs, je voudrais encore souhaiter à un chacun de vous préserver une bonne santé et nous nous réjouissons de pouvoir vous offrir notre aide aussi à l’avenir,

Jean-Claude Schmit
Chef de groupe
 
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
St. Maximilien Kolbe
Grosbous
Sinn mir iwwert Chat net erreechbar, maacht eis w.e.g. eng Mail!
Zurück zum Seiteninhalt